Asaz vu Lëtzebuerger Truppen am Mali

De 27ten August si 15 Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn, fir do vu Koulikoro aus véier Méint laang un der Missioun EUTM 2021-03 deelzehuelen. Laut der Noriichtenagentur Reuters ass de Regime am Mali amgaangen, mam russesche Söldnertrupp “Wagner” iwwert eng méiglech Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi ze verhandelen. De Ministerpresident vu Mali huet dës Meldung weder dementéiert nach affirméiert.  De Kanzlerkandidat vun der CDU an d’Kandidatin vun de Gréngen aus Däitschland hunn an Interviewe kloer gemaach, dass den Asaz vu russesche Söldner kéint ee Réckzuch vun den däitschen Truppen aus dem Land bedeiten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Informatiounen, iwwert déi aktuell Situatioun am Mali an eng eventuell Ënnerstëtzung vun der malescher Arméi duerch russesch Söldnertruppen, huet Lëtzebuerg virleien?

  2. Falls sech d’Noriicht iwwert den Asaz vu russesche Söldner am Mali sollt bestätegen, wäert Lëtzebuerg den Asaz vun eisen Zaldoten am Mali fréizäiteg ofbriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4988

Zesummenhang posts

Parteileedung 8ten Januar 2024  Präsent vum Präsidium waren: Sven, Daniel, Marc, Rebecca, Camille, Gilles, Raymond.  Début 19h00, Schluss 22h00  Kommunikatioun Koordinator  De Marc presentéiert
D’Police soll an Zukunft mat Bodycams equipéiert ginn. Wéi am Gesetz vum 29te Juli 2023 festgeschriwwe gouf, léist d’Bodycam beim Aschalten een haarden a
Am Background vum 20ten Januar 2024 huet eng Assistane sociale erkläert, dass d’Sessiounen beim Psychotherapeut net kënnen iwwert den Tiers payant social bezuelt ginn.