Bezuelen mat Debit- a Kreditkaarte bei Elektrobornen

Am däitsche Bundestag gëtt säit November 2019 iwwert eng nei Ladesäulenverordnung diskutéiert. Dëse sougenannten “Masterplan für Ladeinfrastruktur” soll d’Elektroautoen nach méi attraktiv maachen. Dëst ënnert anerem doduerch, dass d’Provider vun den Elektroborne missten d’Bezuele via Debit- a Kreditkaarte bei all hire Bornen erlaben. Och zu Lëtzebuerg brauch ee Momentan eng Kaart vum Bedreiwer vun der Borne, fir ze bezuelen. Dëst stellt d’Besëtzer vun Elektroautoe virun eng Erausfuerderung, wann si mat hirem Auto ausserhalb vum Land ënnerwee sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet de Minister zu der Iddi, dass d’Bezuele via Debit- a Kreditkaarte bei all Borne misst méiglech sinn?

  2. Wäert d’Regierung sech op europäeschem Plang dofir asetzen, dass europawäit un Elektrobornë ka mat Debit- a Kreditkaarte bezuelt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4958

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat