Datenerhiewung per Formstack?

Den Educatiounsministère huet rezent d’Ausschreiwunge gemaach, fir ee  “pool national études surveillées” an ee “pool national accueil d’enfants” opzestellen. De Ministère gëtt dobäi vum CGIE ënnerstëtzt, deen een Online-Aschreiwungs-Formulaire opgestallt huet, an deem perséinlech Donnéeën ergraff ginn, dorënner och d’Matricule an d’perséinlech Ënnerschrëft. Dësen Online-Formulaire kënnt vun der US-amerikanescher Firma Formstack a leeft also iwwer amerikanesch Serveren, also ausserhalb vun de Reegele vum europäeschen Dateschutz (RGPD).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Consideréieren d’Ministeren, datt de Formstack-Formulaire deenen Dateschutzstandarden entsprécht, déi mir zu Lëtzebuerg oder an der EU uwenden?

  2. Firwat benotzt d’Regierung fir dëse Formulaire
    1. keen Open Source?
    2. kee lëtzebuergeschen, voire europäeschen, Server?

  3. Ass d’Regierung der Meenung, datt eng Formstack–Ënnerschrëft den néidege Krittäre vum eIDAS entsprécht, wëssend, datt mat der Ënnerschrëft eng Consultatioun vum Casier judiciaire erlabt soll ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2194

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat