Kamerabiller bei den CFL

An den Zich, de Garen souwéi an de Busser vun den CFL ginn d’Reesender vun Iwwerwaachungskameraen opgeholl. Mam Akraafttriede vum GDPR am Mee 2018 huet sech d’Legislatioun ronderëm den Asaz a Gebrauch vu Kameraen allerdéngs verschäerft. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ween ass de Responsabele fir den Traitement vun de Videoopnamen, déi an de Waggone, op de Garen souwéi an de Busser vun den CFL opgeholl ginn? 
  2. Wéi eng Persounen hunn Accès op dës Biller a wéi ass den Accès protegéiert? Huet d’Personal vun den CFL een Accès op d’Opnamen? Falls jo, sinn si hisiichtlech dem GDPR forméiert?
  3. Wou ginn d’Videoopnamen an den Zich, Garen a Busser gespäichert a wéi laang?
  4. Wéi vill mol ass d’Videomaterial säit dem Akraafttriede vum GDPR visualiséiert a consultéiert ginn? Wat waren d’Motiver vun de verschiddene Consultatiounen a wéi eng Persounen kruten op dës Donnéeën een Zougrëff?

Zesummenhang posts

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°174 huet de Minister gesot, dass et keng Retarde géif gi beim Ausbezuele vun den Aiden fir
Iwwert de Subside Qualité+ gi Sportsveräiner, déi Sport fir Kanner ënner 16 Joer ubidden, finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Durch d’Subside kënnen déi lokal Veräiner
De Sportsecteur ka vu staatleche finanziellen Hëllefe profitéieren. Eng Rei Federatiounen an Organisme bedaueren zurzäit awer, dass déi staatlech Gelder, mat deene geplangt gouf,