Steiervergënschtegunge fir Datenzentren?

Grouss Entreprisen aus dem digitale Secteur sinn ëmmer nees ob der Sich no engem passende Standuert fir hier Datenzentren. D’Verhandlunge mat de respektive Staaten a Gemenge verlafen dobäi meeschtens ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet an net seele sinn ëmfaassend Steiervergënschtegungen Deel vun den Accorden. 

Gerechtfäerdegt ginn déi héich Steiervergënschtegungen, déi den Datenzenterbedreiwer accordéiert ginn, an der Reegel domat, dass duerch den neien Datenzenter sollen Aarbechtsplaze fir Employéë geschaaft ginn an och de lokale Bausecteur vum Bau vum Komplex soll profitéieren. 

Tatsächlech ass et awer esou, dass de Bausecteur just punktuell vun zousätzlechen Opträg profitéiere kann an Datenzentren eng éischter geréng Unzuel u Personal brauchen. Järlech Steiervergënschtegungen a Milliounenhéicht erschénge virum Hannergrond vum héije Ressourcëverbrauch vun den Zenteren, an dem limitéierten Impakt op den Aarbechtsmarché dofir alles aneres wéi gerechtfäerdegt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf et fir den eventuell geplangten Datenzenter zu Biissen Diskussiounen, an deenen och Steiervergënschtegunge gefuerdert, voir envisagéiert goufen?

  2. Falls jo: Wéi héich waren déi gefuerdert/ugebuede Vergënschtegungen?
    Wéi vill Aarbechtsplaze sollt den Datenzenter schätzungsweis schafen, falls sech fir de Standuert zu Biissen entscheet géif ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4920

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat