D’Piraten hunn de Ministere fir Famill an Integratioun, Aarbecht, Digitalisatioun & Administrativ Reform eng parlamentaresch Fro iwwert d’Waardezäiten bei der ADEM am Zësummenhang mam REVIS gestalt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
Mam Aféiere vum REVIS duerch d’Gesetz vum 28. Juli 2018 si Bedéngungen a Kraaft getrueden, déi den Erhalt vum Aarbechtslosegeld un eng Réi vu Konditioune bannen. Ënnert dëse Konditiounen, déi am Artikel 2 vum viru genannte Gesetz ze fanne sinn, steet ënnert dem Punkt e), datt een als Viraussetzung fir de REVIS bezéien ze kennen, muss als Demandeur d’Emploi bei der ADEM ageschriwwe sinn. Verschidde Bierger an Associatiounen hunn eis allerdéngs informéiert, datt d’Waardezäiten fir de REVIS unzefroen doduerch immens laang sinn, well ee bei der ADEM fir d’Aschreiwung als Demandeur d’Emploi e puer Woche bis iwwert ee Mount op ee Rendez-vous waarde muss, wann een sech als Demandeur d’Emploi aschreiwe well.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Wéi eng Hëllefsmoossname ginn enger Persoun, déi vum REVIS liewe misst, dësen awer net bezéie kann, well se sech bei der ADEM eréischt a méi wéi engem Mount aschreiwe kann, zur Verfügung gestallt?
- Wat sinn d’Ursaache fir déi laang Waardezäite bei der ADEM? Sinn d’Grënn fir déi laang Waardezäiten op ee Personalmangel, eng ineffizient Organisatioun vun der ADEM oder eng Augmentatioun vun den Aarbechtsichenden zréckzeféieren? Falls d’Héicht vun Aarbechtsichenden e Gronn fir déi aktuell Waardezäiten ass: Wéi ass dës Augmentatioun virum Hannergrond vun der aktuell gudder wirtschaftlecher Situatioun vu Lëtzebuerg ze erklären?
- Op d’Donnéeë vun deene lëschten 3 Méint (November 2018, Dezember 2018, Januar 2019) bezunn an opgeschlësselt nom Standuert vun der ADEM Agence, wéi laang muss eng Persoun am Schnëtt (ausgedréckt an Deeg) waarde fir sech als Demandeur d’Emploi bei der ADEM kënnen anzeschreiwen, oder, anescht ausgedréckt, wéi vill Deeg leien tëscht dem Huele vum Rendez-vous an der Aschreiwung? Falls den Här Aarbechtsminister dës Statistiken net huet: Wisou empfënnt hien et net als opportun dës Donnéeën zum Fonctionnement vum Service vun der ADEM ze erhiewen?
- Ass de Minister fir Digitalisatioun & Administrativ Reform net der Meenung, datt d’Aschreiwung bei enger staatlecher Agence, wéi der ADEM, iwwert Guichet.lu kéint gemaacht ginn? Ginn et an deem Zesummenhang Pläng fir déi ëffentlech Servicer – dorënner och d’Aschreiwung bei der ADEM – op enger digitaler Plattform unzebidden? Falls nee, firwat net?
Mat déiwem Respekt
Sven CLEMENT
Député